Demnächst rem On-Air
Eng gutt Noriicht fiir all d’Fans vun menger Radiosendung.
No baal engem Joër Abstinenz geet “LRB Overdrive” ganz geschwenn rem On-Air. Wei gewinnt wäert ech äerch dann all Mëttwoch Owend vun 22-24 Auer live op 103,9 FM bzw. um Live-Stream op www.lrb.lu daat beschten un alternativer Rockmusek (Punk, Metal, Ska, Hard Rock asw.) präsentéieren.
Och SMS-Wënsch gin [...]
CDI
Ech hun endlëch main CDI ennerschriwwen. (Contrat à durée indéterminée, fiir déi, déi et net sollten wëssen…)
Domat sin ech lo fest agestallt an kréien méi Geld… daat ass emmer gutt
Zudeem kruuten mer um Bureau nei Laptop’en… fein, fein!
Daat néit Joër fänkt also schon positiv un
Sicho’s Lexikon - Achselflorist
Haut:
Achselflorist
Een Achselflorist ass eng Persoun mat onraséierten, staark behoërten Achselhöhlen.
Beispiel: “Kuck deen dohannen! Deen kéint sech mol ennert den Äerm raséieren, daat ass jo voll deen Achselflorist!”
Een schéint néit Joër!
Ech wënschen äerch alleguerten een wonnerschéint néit Joër 2008. Kommt gutt derduerch, bleift gesond an erfreet äerch um Liewen.
Den Site luuch dei lëscht Zäit en bessi brach mee een vun mengen gudden Fiirsätz fiir 2008 ass, daat ze änneren. Et wäert also mol rem mei oft eppes passéieren hei.
Ech hun na een ganzen Coup Content [...]















