Wei deen een oder aaneren vläit schon wees, hun ech am März ugefaang mech fiir Fotografie ze interesséieren an och schon mol mei an manner interessant Fotoën geschoss.
Een gudden Deel dofunner ass op mengem photogen.lu Profil ze fannen, aanerer op mengem deviantart.com Profil.
Ech hun lo och zwou vun mengen Fotoën als Desktophannergrënn fräigin (1920×1200), ween sou eng benotzen well kann daat also rouëg maan.
Ze fannen sin se ennert folgenden Links:
Terminus:
http://www.photogen.lu/image_view.php?type=wallpaper&id=363
Freijoër:
http://www.photogen.lu/image_view.php?type=wallpaper&id=362
Posted in:
General
by
Administrator /
Tags: 1920x1200, background, desktop, deviantart, fond d'écran, fotos, hannergrond, hintergrund, image, photogen, pictures, wallpaper
Comments Off
Forum Update March 16, 2009 at
12:35:33
Ech hun haut d’Forumsoftware geupdated. Se woor nach op PHPBB 2.0.iirgendeppes gelaaf an ass elo erfollegräich op PHPBB 3.0.4 converteiert gin. Normalerweis dierft och keen User seng Postings, PMs, Avatars asw. verluer hun.
Ween nach net am Forum woor soll rouëg eng Keier erankucken
Unmellen kascht naischt an et kann een un ganz witzëgen Diskussiounen deelhuelen an natierlech selwer och nei Themen starten.
Einfach mol heihin klicken!
Posted in:
General
by
Administrator /
Tags: Forum, php, update
Comments Off
D’ass schon erem eiwëg hier dass ech hei eppes gepostet hun … mol kucken op ech lo mol endlëch meng Updatefaulheet an den Grëff kréien.
D’Startsäit vun sicho.info hun ech fiirun enger Handvoll Deeg emgeännert. Lo gett et keen Automatic Redirect op den Blog mei, mee et huet een den Choix, op een op den Blog oder an d’Forum wëll.
Lëschte Weekend woor ech mam Locke op Wien - et woor zimlech cool, Fotoën folgen demnächst.
Et woor allerdëngs och schwainkaal.
Schwainkaal.
Richtëg kaal.
Kaal.
Erbärmlech kaal.
Posted in:
General
by
Administrator /
Tags: blog, Forum, Frontpage, Kaal, Locke, Nei, Wien
Comments Off
Et sin eng Réih nei T-Shirts an mengem Shirtshop bäikomm, luusst eng Keier eran 
Posted in:
General
by
Administrator /
Tags: shirt shop
Comments Off
Et reent dobaussen, d’Fouer ass eriwwer, Allerhëllegen rëckt mei no … lues awer secher ass et net mei ze vermeiden, dass den Summer - deen dëst Joër leider net wierklech genialst woor - schon erem eriwwer ass an dei naas, kaal Zäiten rem ungin …
Kann een leider naischt dergeint maan, dofiir muss een alt probéieren daat bescht draus ze maan
Den Méinden fléien ech bis Fréiden Owend op Hamburg fiir bei enger Formatioun zum Thema “M2M Ethernet mit Schwerpunkt GPRS” matzemaan … sin mol gespaant waat ech do alles bäibruecht kréien. Gespaant sin ech och op Hamburg selwer, waat jo eng cool Staadt ass - bis lo woor ech leider emmer nemmen laanscht gefuer mee na nii wierklech an Hamburg selwer. Gëtt also spannend
Main néit Skateboard ass haut och verschéckt gin … wäert also den Méinden wuel ukommen - mee dank mengem Hamburg Trip wäert ech et wuel réischt Samstes kennen an meng Äerm schléissen 
Posted in:
General, Work
by
Administrator /
Tags: GPRS, Hamburg, Skateboard, Sommer, Summer, Vakanz
Comments Off
Ech hun haut emol d’Blogsoftware aktualiseiert an dobäi och na een neit Design eropgelueden - ech hoffen et gefällt.
Am Forum hun mer een Xbox Live Topic, wou mer och eng Gamerscore-Ranglëscht féieren inklusive enger Forums-Gamercard. Dei Gamercard ass lo och hei um Blog ze fannen, an zwar riets no den Blog Microbuttons.
Desweideren sidd der natierlech emmer na häerzlech invitéiert, sech am Forum ze registreieren an matzeschreiwen 
Posted in:
General
by
Administrator /
Tags: blog, design, gamercard, gamertag, update, xbox live
Comments Off
Ech hun rem ugefaang mat Skateboard fueren … hun einfach gemengt daat misst mol rem sin. Lo sin ech eng gutt Woch amgaang an ech spieren schon een Progrès, waat zimlech cool ass
Haat ech dei eischt Deeg puer Problemer iwwerhaapt mol uerdentlech eng Funbox rop an erof ze fueren, sou hun ech et geschter - no puer Stierz - endlech fäerdegbruecht, eng grouss Ramp erofzefueren. Lo sin ech zimlech stolz
Natierlech hun ech mech net ouni Protections op dei Ramp getraut - Helm, Knéi- an Ielebouschoner souwei Handgelenkschutz wooren mat derbäi. Leiwer eng Keier zevill geschützt ewei eng Keier ze wéineg.
Een Ollie kann ech leider nach emmer net, mee do muss ech halt nach üben, üben an nach eng Keier üben. Waat ech och momentan um üben sin ass eng Ramp (am Moment na dei kleng vun der Funbox
) eropzefueren an dann an der Mëtt em 180° ze dréinen.
Hoffentlech gin ech dei nächst Deeg nach besser … waat ech am meeschten fäerten ass iirgendwann op een Punkt ze kommen, wou näischt mei wéidergeet. Mee et gett nach mei wei genuch ze léieren an ze üben, vun dohier ass dei Angscht wuel zimlech onbegrënnt.
Ech hun mer lo och mol na een neit Skateboard bestallt … ech hoffen daat kennt haut un. Main aalt fiert zwar nach gutt, mee et gouf schon schein an Matleedenschaft gezunn an ech befierchten, dass et ma demnächst freckt.
Posted in:
General
by
Administrator /
Tags: alldaag, funsport, skate, skateboarding, sport
Comments Off
Endlech kruut ech mech dozou iwwerwonnen mol rem hei epes ze updaten an ech hun lo mol d’Fotoën vun Lloret de Mar 2008 hei eropgelueden. Der fannt se ewei üblech riets bei den Gallerien.
Ech wollt an engems och d’Fotoën vun Amsterdam eroplueden, mee ech fannen se net mei erëm. Et beschleicht mech daat dommt Gefill, wei wann ech se aus Versehen gelöscht hätt, wei ech meng Späicherkaart vum Fotoapparat dozou benotzt haat, Homebrew op meng Wii ze hacken. Allerdéngs woor ech mer zimlech secher een Backup vum Contenu vun der Kaart gema ze hun - deen Backup hun ech och, mee d’Amsterdam-Fotoën sin komescherweis net dran. Ech wäert mol weiderkucken an hoffen, se rem ze fannen …
Posted in:
General, Lloret de Mar 2008
by
Administrator /
Tags: amsterdam, fotoën, homebrew, lloret, lloret de mar, photos, update, wii
Comments Off
Ween bis zum 17. Juli an mengem T-Shirt Shop bestellt an beim Checkout den Promocode SOMMERSONNEPORTOFREI benotzt, kritt seng Bestellung portofrei zougescheckt!
Ech hun den Shop dei lescht Zäit bessi vernooléissegt an et gin och keng wierklech nei Produiten am Shop. Ech kucken fiir vlait na deen een oder aaneren neien T-Shirt an der Periode bis zum 17ten dranzesetzen. Mee och dei aal Produkter sin jo awer na emmer cool 
Posted in:
General
by
Administrator /
Tags: promotion, shirtshop, t-shirt
No Comments
Vum 4ten bis den 6ten Juni wäert ech mech an Holland ophaalen. Ech fueren mam Joëlle op Amsterdam an och eng Keier kuerz op Rotterdam. Hatt muss dohin fiir fiirsangen ze goën an vue dass et net alleng dohin well, gin ech alt mat.
Daat gett secher mega witzëg an ech wäert versichen eng Rëtsch Fotoën ze maan an dei duerno hei zuer Schau ze stellen 
Posted in:
General
by
Administrator /
Tags: amsterdam, Holland, Netherlands, Rotterdam, Vacation, Vakanz
No Comments