Desktop Hannergrënn by Sicho May 18, 2009 at 22:50:19

Wei deen een oder aaneren vläit schon wees, hun ech am März ugefaang mech fiir Fotografie ze interesséieren an och schon mol mei an manner interessant Fotoën geschoss.
Een gudden Deel dofunner ass op mengem photogen.lu Profil ze fannen, aanerer op mengem deviantart.com Profil.

Ech hun lo och zwou vun mengen Fotoën als Desktophannergrënn fräigin (1920×1200), ween sou eng benotzen well kann daat also rouëg maan.
Ze fannen sin se ennert folgenden Links:

Terminus:
http://www.photogen.lu/image_view.php?type=wallpaper&id=363

Freijoër:
http://www.photogen.lu/image_view.php?type=wallpaper&id=362

Schnipp Schnapp May 6, 2009 at 09:40:47

Zuer allgemengem Entspaanung mol rem een klengen Video:


Waxing Funny Commercial - Watch more amazing videos here

Killerspiele! March 23, 2009 at 15:34:40

Killerspiele!

Een offenen Bréif un d’Medien, d’Politik an d’Elteren.

Den Fans vun Videospiller geet et momentan ewei villen aaneren, dei d’Debatte, dei an Kosequenz vum Amoklaaf zu Winnenden lassgetrëppelt gouf, verfollëgen: se sin faassungslos an rosen. Faassungslos doriwwer, waat fier een Leed een scheinbar ganz normalen Jugendlëchen mat der Waff vun sengem Papp ugeriicht huet. Rosen doriwwer, d’ass alt erëm - fiirun allem an Däitschland - versicht gëtt, dës krank Doot domadder ze erklären dass Videospiller aus Jugendlechen “Killer” maan.

Nei Medien gëllen als suspekt. Daat ass net nemmen bei Videospiller an dem Internet sou, daat huet och schon fiir Filmer, Rockmusek, TV, Micky Maus Hefter (dei als Schund an Schmotz vernannt goufen) an Bicher gegëllt. Angeeblech huet jo och schon dem Goethe sain “Die Leiden des jungen Werther” reihenweis jonk Männer an den Suizid gedriwwen.

D’Diskussioun leeft dobäi emmer noom selwechten Muster oof: engem neien Medium, daat vill Leit nemmen vum Héieren-Soën kennen, gëtt fiirgeworf d’Jugend ze verblöden. D’Reiz-Reaktiouns-Muster, daat däer Argumentatioun zu Gronn läit ass daat vum Pawlow. ( http://de.wikipedia.org/wiki/Iwan_Petrowitsch_Pawlow ) Mee sin Menschen ewéi dem Pawlow seng Hënn, dei op een Signal hin unfänken mat sabbelen? Nee. D’Psychologësch Fuerschung huet d’Theorie, dass sech menschlëcht Verhaalen iwwert plomp Reiz-Reaktiouns-Schemata erklären loossen kéint, schon säit Joorzëngten widderluecht.

Léif Journalisten,

Mir “Gamer” appelléieren un d’Journalisten weltwäit an fiirun allem an Däitschland, sech mat den Spiller an den Gesetzeslaagen, iwwert dei se sou reißerësch berichten, professionell ausernaaner ze setzen! Kennt dier den Ennerscheed tëschend Spiller, dei an Däitschland ab 18 fraiginn sin an deenen, dei an Däitschland indizéiert sin? Wësst dier, op World of Warcraft een Egoshooter ass oder een Onlinerollenspill? Wësst dier op Counterstrike nemmen Gewalt enthält oder Gewalt verherrlëcht? Kennt der den Ennerscheed tëscht Gewaltverherrlëchung an Gewalt beinhalten? An der Vergaangenheet hun mer leider emmer rem missten materliewen, dass d’Journalisten all daat net wossten an sech mëttels ausgesichten, souguer deels gestallten “Experteninterviews” hier Fiiruerdeeler iwwert Videospiller bestätegen geloos hun.

Wann dier genau hinkuckt, leif Journalisten, dann wäert dier gesinn, dass et eng ganz Lëscht vun Erzéihungswëssenschaftlern, Medienpädagogen an Psychologen gëtt, dei net vun Talkshow zu Talkshow laafen oder an der BILD no Verbuedsgesetzer jäizen, mee dei zuer Differenzéierung opruffen. D’journalistësch Suergfaltspflicht gebitt ierch äer Recherche fiirurdeelsfräi an resultatsoppen ze gestalten an an Konflikten dei zwou Säiten vun der Medaille duerzestellen. Bericht w.e.g. iwwert d’Erkenntnisser an der Medienfuerschung amplaatz pauschal fiirzeverurdeelen. Wisou erwähnt dier iwwerhaapt, d’ass den Amokleefer vun Winnenden Computerspiller op sengem PC haat, wann mol guer net bewissen ass et een direkten Zesummenhang tëschend Medieninhalten an Gewaltdooten gëtt?

Meiglecherweis hudd dier d’Gefill, den negativen Afloss vun Videospiller giff op der Hand leien, well all dei Amokleefer vun den lëschten Joorën sou Spiller gespillt huet. Wann dier unhuelt, dass doranner een Zesummenhang besteet, dann ignoréiert dier den Fait, dass Milliounen (!) Menschen sech mat sou Spiller beschäftegen an een friddlëcht Liewen féieren. D’Schlussfolgerung, dei mat Sätz ewéi “all Attentäter beschäftegt sech mat gewaltätegen Videospiller” äeren Nolauschterer/Lieser/Spectateuren opneidëgt, follëgt der selwechter Pseudo-Kausualiteit dei bei enger Aussoo wei “all Attentäter huet schon eng Keier an sengem Liewen Brout g’iess” oder “all Attentäter huet Micky Maus gelies” gin wier. Mëcht daat Sënn, leif Journalisten? Kloër, “Killerspiele”-Headlines bréngen Oplaag … mee d’Wourecht bleift op der Streck.

Léif Politiker,

Mir “Gamer” appelléieren un d’Politiker - fiirun allem an Däitschland - reflexaartëg Verbuedsjäizeréien, dei no Amokleef emmer rem opkommen, anzestellen! Um Stammdësch an am Béierzelt brengt daat vläit Applaus, mee dier maat äerch bei Milliounen vun wahlberechtëgten Menschen, dei sech besser mat Videospiller auskennen ewei dier selwer, lächerlech. Äer Erklärungsversich an Scholdzuweisungen - Madame Bundeskanzler, Här Bundespräsident - strotzen vun Ignoranz an Populismus. D’ass dier, Här Köhler, op der Trauerfeier all d’Menschen, dei sech mat sou Spiller beschäftegen, pauschal als “Menschen ohne Selbstachtung” ( http://www.swr.de/nachrichten/bw/-/id=1622/nid=1622/did=4646462/q9g05u/ ) bezeechnet, setzt deem Ganzen just d’Kroun op! Sou gëtt - fiirun allem bei jonken Léit - eng Politikverdrossenheet geschürt an dier dreiwt Menschen, dei nach wielen gin, bei aaner Parteien.

Aus eisem Liewen sin modern Medien net mei ewechzedenken. Wisou gëtt et also na emmer keng reegelméißeg Medienerzéiung an den Schoulen? Wisou gëtt sou wéineg fiir d’Opklärung bei den Elteren bezüglech Medienwierkungen an Medieninhalten gemaa? Wisou gin Schoulsystemer zougeloos, dei frustreieren an aussortéieren an eng héich Zuel vun “Schulversagern” produzéiert? Wei kann et sin, d’ass et souwäit kommen kann, d’ass verschidden Jugendlecher just nach an Videospiller dei néideg Unerkennung an Erfollegserlebnisser, dei se am Liewen brauchen, kréien? Waat mier brauchen, ass eng Kultur dei net ewechkuckt an eng Kultur vun der Unerkennung an den Schoulen. An mier mussen eis bewosst sin, wei eng Veranrtwortung Elteren vis à vis vun hiiren Kanner hun, wann et em Medieninhalter geet. Daat ass den Domaine, wou dier gefroot sidd, léif Politiker!

Däitschland huet eent vun deenen restriktivsten Jugendschutzgesetzer der Welt - an munchereen ass och der Meenung, d’ass daat gutt esou ass. Wann Kanner an Jugendlecher trotzdem Spiller spillen, dei net fiir hiiren Alter geduecht sin, wourunner läit daat dann? Ass et net bezeechnend, d’ass Amokleef an deem eenzegen Land an der EU, daat Videospiller verbidd an op den Index setzt, verheeft fierkommen? Läit den Probleem net anzwousch aanescht ewei bei den Spiller?

Léif Elteren,

dier sidd verantwortlëch dofiir, dass äer Kanner gutt gekleed sin, gutt ernährt sin, gesond duerch d’Liewen gin an gutt erzunn gin. D’Erzéiung ass äer Pflicht, weder den Fernseh, nach Videospiller nach aaner Medien oder Institutiounen kennen äerch vun däer Pflicht befreien. Wann Kanner verwahrlost gin, ass daat een Fall fiir d’Jugendamt. Wann Kanner sech stonnelaang mat Medieninhalten beschäftegen, dei net fiir se geduecht sin, dann verwahlosen se och - medial. Do schreitet allerdéngs net d’Jugendamt an, do gëtt d’Verantwortung vun den Elteren ignoréiert an et gëtt no Verbueder fiir Videospiller gejäizt. Sou einfach, léif Elteren, kennt dier ierch et net maachen! Kuckt op d’Symptomer, kuckt op d’Ursaachen an huelt äerch selwer an d’Pflicht!

Mir “Gamer” appeléieren un d’Elteren, sech mat hiiren Kanner an den Medien, fiir dei sech hier Kanner begeeschteren, auserneen ze setzen. Wann dier äeren Kanner schon Fernseher an Konsoulen an Computeren an d’Kummer stellt, dann sollt dier och wëssen, waat domadder gemaa gëtt. Dier wäert feststellen, dass ganz vill Videospiller wonnerbar Geschichten erzielen an ganz friddlëch sin. Dier wäert och feststellen, d’ass bei ganz villen spiller, wou Gewalt dran fier kennt, dei als Stilmëttel agesaat gëtt, als Handlungsakt vun enger Geschichte oder als Kader vun engem sportlëchen Concours mat Teamcharakter, awer net weinst der Brutalitéit un sech.

Wann äert Kand Spiller huet, dei ab 18 fräigin sin oder an Däitschland souguer indizéiert goufen, dann passéiert daat haaptsächlech, well dier keen Iwwerbléck mei hudd, waat äert Kand eigentlech mëcht. Kuckt net ewech, weisst Interesse an hudd den Courage, äeren Kanner Spiller, dei net fiir se geduecht sin, ewechzehuelen. D’Verantwortung iwwert äer Kanner kann keen äerch ewechhuelen, keen Gesetzgeber, keng Verbueder an och keng Zensur!

Et gëtt an Däitschland schon laang een komplext, multistufëgt System mat Restriktiounen fiir Gewaltinhalter an Medien. Verherrlechung an Verhamlosung vun Gewalt ass schon laang verbueden! ( http://dejure.org/gesetze/StGB/131.html ) Spiller oder aaner Medien, op dei daat net zoutrëfft mee dei trotzdem net an Kannerhänn gehéieren, gin vun der “Bundesprüfstelle für jugendgefährdende Medien” indizéiert ( http://bundesrecht.juris.de/juschg/BJNR273000002.html ) an dierfen net an den oppenen Verkaaf an et dierf och keng Reklamm fiir dei Medien gemaa gin. Zeitschrëften dierfne net emol Rezensiounen iwwert sou Spiller oofdrecken an se kennen just un Erwuessener verkaaf gin, dei explizit am Buttek no deem Spill froën.

Spiller an aaner Medien, dei net als “jugendgefährdend” agestuft gin, mee wou awer nach d’Meiglechkeet besteet dass se Jugendlecher “beanträchtegen”, dierfen net fiir hier Altersstuff fraigin gin. ( http://bundesrecht.juris.de/juschg/BJNR273000002.html ) Si gin, je no Contenu, vun der USK mat enger “Altersfreigabe” ab 6, 12, 16 fräigin oder erhalten keng Jugendfraigaab (ab 18). Dës Spiller dierfen normal verkaaf gin, se erhaalen awer een grousst Siegel mat der Altersfreigaab drop.
Schlussfolgerung: Politiker, Journalisten an aaner Léit, dei een Verbued vun gewaltverherrlechen Videospiller fuerderen, iwwersin dass et sou eppes schon laang gëtt (cf. uewen).

Bei engem Thema wei Jugendschutz an Gewaltpräventioun ass et enorm wichtëg dass een wees, woufunner een schwätzt. Do gin et Léeit, deenen geet schon den Verdacht duer, dass Videospiller keinten “Killer” runziichten, dass se schon mat Verbueder wellen kommen. Deenen Léit ass scheinbar net bewosst, dass se dei am Grondgesetz garanteiert Meenungs- an Medienfräiheet mat Féiss trëppelen. An waat brengt et, Spiller ze verbidden an ze zenséieren, wann den Notzen dofunner vun deenen meeshcten Experten ungezweifelt gëtt?

Mir “Gamer”, dei sech mat Videospiller beschäftegen, hun dei Medienkompetenz dei den Elteren, den Politiker an den Journalisten an deem Thema feelt. Mier sin keng Monster, keng Killer, keng Amokleefer. Vill vun eis hun Kanner, bloggen, benotzen den Internet an allen Facetten an huelen sou un der Debatte deel. Mier sin friddlëch, mier sin ganz normal Léit an mier sin zu vill. Mier wëllen net mei duergestallt gin ewei Monster, mier wellen net mei niewend Gewalttäter, Psychopathen an Amokleefer gestallt gin. Mier wënschen eis eng oppen, op Fakten baséierend Diskussioun. Lauschtert eis no an haalt op mat der Diffamatioun vun engem Hobby, daat Milliounen an Milliounen vun Léit bedréiwen.

Merci fiir äer Zäit.

Comments sin fiir dësen Post ausnahmsweis erlaabt.

Forum Update March 16, 2009 at 12:35:33

Ech hun haut d’Forumsoftware geupdated. Se woor nach op PHPBB 2.0.iirgendeppes gelaaf an ass elo erfollegräich op PHPBB 3.0.4 converteiert gin. Normalerweis dierft och keen User seng Postings, PMs, Avatars asw. verluer hun.

Ween nach net am Forum woor soll rouëg eng Keier erankucken ;) Unmellen kascht naischt an et kann een un ganz witzëgen Diskussiounen deelhuelen an natierlech selwer och nei Themen starten.
Einfach mol heihin klicken!

Videospill-Nirvana March 3, 2009 at 21:30:03

Ween kennt et net? Vill Videospiller gin ungekënnegt, et gëtt vill versprach, et gin cool Biller … an iirgendwann verschwannen d’Spiller an der Versenkung an et heiert een nii mei eppes vun hinnen. D’Entwëckler gin Failitte, Projet’en gin aus verschiddensten Grënn gecancelt oder d’Spill gett einfach net daat waat se wollten - et gin vill Grënn, wisou verschidden Games nii d’Liicht vun der Welt erblécken.

Op Unseen 64 kann een sech zu villen Spiller, dei nii rauskomm sin, Biller an aaner Informatiounen ukucken. Dei Sammlung emschleisst eng ganz Rëtsch Generatiounen, vum Commodre 64 zum Super Nintendo bis hin zuer Xbox 360. Niewend nii releasten Spiller fennt een do awer och Material zu Beta-Versiounen vun Spiller, dei et op den Marché gepackt hun bzw. Saachen, dei am Programmcode dran sin, awer am fäerdegen Spill nii benotzt goufen.

Een ganz interessanten Site also fiir jiddfereen deen sech fiir Videospiller interesseiert - Retrofans dierft den Site besonnesch gefaalen well et vill Retromaterial gëtt.
Also surft eenmol laanscht op http://www.unseen64.net

Naked People February 27, 2009 at 12:47:43

Kleeder maachen Leit - gëtt jiddefalls mol emmer rëm behaapt. Je no Outfit kann een serieux wierken oder verspillt, dynamësch oder konservativ. Mee wei wait trëfft daat wierklech op een zou? Waat, wann een beemol plaakëg ass? Wann ennert dem serieuxem Kostüm beemol een Intimpiercing herfierkuckt, wierkt een dann nach emmer sou serieux oder kritt een een ganzt aanert Bild vun däer Persoun?

Den Sebastian Kempa huet sech mat däer Fro beschäftegt an een Konschtproject op d’Been gestallt deen der ennert http://www.naked-people.de unsurfen kennt. Do gesait een fiir d’eischt eng Foto vun enger Persoun, dei ungedoën ass. Wann een dann op dei Foto klickt, gesäit een dei betreffend Persoun plaakëg. Sou kann jiddereen fiir sech selwer d’Wierkung vun enger bekleedeter an enger onbekleedeter Persoun ennersichen.

Fannen deen Site jiddefalls zimlech faszineierend - also surft eenmol laanscht.

Mol rem eppes Néies … February 25, 2009 at 16:34:10

D’ass schon erem eiwëg hier dass ech hei eppes gepostet hun … mol kucken op ech lo mol endlëch meng Updatefaulheet an den Grëff kréien.

D’Startsäit vun sicho.info hun ech fiirun enger Handvoll Deeg emgeännert. Lo gett et keen Automatic Redirect op den Blog mei, mee et huet een den Choix, op een op den Blog oder an d’Forum wëll.

Lëschte Weekend woor ech mam Locke op Wien - et woor zimlech cool, Fotoën folgen demnächst.
Et woor allerdëngs och schwainkaal.
Schwainkaal.
Richtëg kaal.
Kaal.
Erbärmlech kaal.

Nei Shirts am T-Shirt Shop September 11, 2008 at 16:01:26

Et sin eng Réih nei T-Shirts an mengem Shirtshop bäikomm, luusst eng Keier eran :)

An wann et reent dann reent et riit eran … at 14:54:31

Et reent dobaussen, d’Fouer ass eriwwer, Allerhëllegen rëckt mei no … lues awer secher ass et net mei ze vermeiden, dass den Summer - deen dëst Joër leider net wierklech genialst woor - schon erem eriwwer ass an dei naas, kaal Zäiten rem ungin …

Kann een leider naischt dergeint maan, dofiir muss een alt probéieren daat bescht draus ze maan ;)

Den Méinden fléien ech bis Fréiden Owend op Hamburg fiir bei enger Formatioun zum Thema “M2M Ethernet mit Schwerpunkt GPRS” matzemaan … sin mol gespaant waat ech do alles bäibruecht kréien. Gespaant sin ech och op Hamburg selwer, waat jo eng cool Staadt ass - bis lo woor ech leider emmer nemmen laanscht gefuer mee na nii wierklech an Hamburg selwer. Gëtt also spannend :)

Main néit Skateboard ass haut och verschéckt gin … wäert also den Méinden wuel ukommen - mee dank mengem Hamburg Trip wäert ech et wuel réischt Samstes kennen an meng Äerm schléissen ;)

Wann een Duuscht huet … September 2, 2008 at 11:35:37

mol rem een Video “for your viewing pleasure” ;) Vill Spaass!


durstige affen lol - MyVideo